BUCH VUM MOUNTJanuar 2012
Autor: Dany Gales |
Kolja a Galina Déi zwee Kueben Kolja a Galina liewen a Russland. Well et hinnen do am Wanter ze kal ass, man se sech op d’Rees. Ënnerwee begéinen se villen Déieren: engem Hond, enger Kaz, engem Schwäin, engem Schof an nach villen aneren. Si froen all Déier, wat et am Wanter mécht, fir datt et him net kal gëtt. Am Buch ass eng CD, wou d’Geschicht op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch erzielt gëtt a wou och Lidder dran agebaut sinn. D’Texter vun der Lidder, an den dräi Sproochen,leien op engem separate Blat och dobäi. E Buch, dat villsäiteg kann agesat gi bei Kanner vun 3 Joer un. |