D’GESCHICHT VUM HELLEGEN NIKLOS

vum Quentin Gréban
Editions Mijade   ISBN 978-2-87142-938-8

Dëst ass eng liicht ofgewandelt Versioun vun der bekannter lëtzebuergescher Geschicht „D’Seeche vum Zinniklos“, déi hei am Land schonn eleng dowéinst relativ bekannt ass, well se am Stater Breedewee spillt.
Och bei deem Buch, dat mir iech hei virstellen, bleift de Kär vun der Geschicht deeselwechten, an de Kleesche kënnt 3 Kanner virum Doud retten.
Et woren eng Kéier dräi kleng Kanner, déi sech ganz vill gelangweilt hunn. Fir eng Ofwiesslung ze hunn, hu se decidéiert, Päiperleke fänken ze goen. Mee si sinn esou séier an esou wäit gerannt, datt si sech am Bësch verluer hunn. Bei engem Haus, an deem de Metzler gewunnt huet, hunn si un d’Dier geklappt an ëm Hëllef gefrot. Deen huet hinne gutt z’iesse ginn an si duerno fir ze schlofen an e Bett geluecht. Awer net, well hien esou frou mat de Kanner gewiescht wär. Neen, hie wollt déi dräi schluechten an Zossiss aus hinne maachen.
Déif an der Nuecht huet hien sech ee Kand nom anere gekroopt, et geschluecht an et an e Faass gestach. Do huet hien si an eng Britt mat Waasser, Peffer a Salz gezappt, fir se anzebeezen. An där Zäit huet d’Mamm vun de Kanner no hinne geruff an no hinne gesicht, mä si ware vill ze wäit fort, fir datt si se hätt kënne fannen an hinnen hëllefen.
E wéineg méi spéit koum den hellegen Niklos beim Metzler sengem Haus laanscht, an hien hien huet gefrot, ob hien do kéint iwwernuechten.
„Kommt eran, Hellegen Niklos, hei ass Plaz fir iech, doru feelt et net.“ De Kleeschen huet gläichdrop no eppes z’iesse gefrot.
Awer weder d’Zoossiss nach d’Ham, déi de Metzler him ugebueden huet, hunn dem Kleesche gefall.
„Vill léiwer géif ech eppes vun deem iessen, wat s du an deem Faass do verstopps.“
Wéi de Metzler dat héieren huet, krut hien et mat der Angscht ze doen, an huet sech séier duerch d’Bascht gemaach.
De Kleeschen ass bei d’Faass gaangen, wou d’Kanner agesolpert waren an huet e Gebiet geschwat. A wéi duerch e Wonner sinn d’Kanner erëm lieweg ginn.
„Ech hu gutt geschlof.“, huet dat éischt Kand gesot. „An ech och“, sot dat zweet. „Ech hu gemengt, ech wier am Paradäis“, huet dat Klengt geruff. Allen dräi konnten si sech guer net méi un dat Schrecklecht erënneren, dat hinne geschitt war.
De Kleeschen huet déi dräi Kanner matgeholl an si séier erëm bei hir Mamm bruecht, déi sech esou vill Suergen ëm se gemaach hat.

De Quentin Gréban, gebuer 1977 zu Bréissel,  ass vu Formatioun Illustrateur. Hien huet schonn eng ganz Rei Bicher, dorënner och déi bekannt Geschicht vum Nils Holgersen, illustréiert. 2000 krut hien de Prix Saint-Exupéry fir seng Illustatiounen am Buch „Les contes de l’Alphabet“. Mëttlerweil schreift hien och selwer Geschichten a mécht dozou d’Biller. Seng Liiblingstechnik ass den Aquarell, déi de Gréban och an dësem Buch iwwert de Kleeschen asetzt. Doduerch entstinn duuss, pastellfaarweg Biller, déi dës am Fong grujeleg Geschicht, fir kleng Kanner méi zougänglech maachen.
A well zum Schluss jo awer alles gutt ausgeet, kann een se roueg de Kanner vun 3 Joer un erzielen.

[Fenster Schliessen]