KANNER, ENG ENTFÉIERUNG AN DÉI WËLL FRA VU LASAUVAGE

vum Viviane Daman
Editions Phi   ISBN 978-9-99593-706-5

Dëst ass schonn dee 6. Krimi op Lëtzebuergesch, deen d’Viviane Daman erausbréngt. An ëmmer sinn déiselwecht Kanner an der Geschicht dobäi: de Pascal, seng Schwester Sarah an déi zwee Bridder Steve a Pol. Zesumme mam Hond Blacky kommen si ëmmer erëm a spannend Situatiounen, an deenen si beweisen, datt si richteg gutt Detektive sinn.
Dës Kéier maachen déi zwou Familljen en Ausfluch op Lasauvage. Ënnerwee am Auto kréien si d’Legend vun der Wëller Fra vu Lasauvage erzielt, déi der Uertschaft viru laanger Zäit och den Numm ginn huet.
„Virun éiwegen Zäiten huet hei eng wëll Fra ganz eleng an enger Hiel gewunnt. … D’Leit aus der Ëmgéigend hunn si all gefaart an hunn e grousse Bou ëm si gemaach. Déi wëll Fra huet Déiere gefaang an se da mat hire laangen, schaarfen Neel doutgemaach. Si hat zwou Reien Zänn, mat deenen si alles knae konnt, ouni et ze kachen. ... Wéi si gestuerwen ass, huet den Däiwel si emol net an der Häll gewollt. Dofir ass si erëmkomm a si ass hei am Dall gegeeschtert, bis en Einsiidler zur Muttergottes gebiet huet, si soll déi wëll Fra erléisen. Dunn ass si fir ëmmer verschwonnen, a bis haut huet kee Mënsch si erëmgesinn.“
Onnéideg ze soen, datt déi véier Kanner dat do Mäerchen net gleewen a just de Kapp rëselen.
An engem Restaurant, dem fréiere Paschtoueschhaus vun Zoowaasch, esou heescht Lasauvage op Lëtzebuergesch, genéissen déi zwou Fammilljen e gutt Mëttegiessen. Mä knapps ass den Dessert eragefeiert, do wëllen d’Kanner natierlech op d’Spillplaz. Iwwert dem Spille gesinn si, wéi eng Fra sech de Blacky kroopt a mat him fortleeft. D’Fra gesäit ganz gelungen aus: si huet laang rout Hoer, déi ongekämmt a struppeg bis op hir Knéien erofhänken. Hannert engem Hiwwel bei engem grousse Stee verschwënnt si, wéi wann si vum Äerdbuedem verschléckt gi wär. Soll et déi wëll Fra aus der Legend dann éieren awer ginn?
Zesumme mat hiren Elteren an der Police sichen d’Kanner nom Blacky, mä bis owes huet nach keen eng Spur vum Hond fonnt. Déi zwou Fammilljen decidéieren, Zëmmeren zu Lasauvage ze huelen an den anere Moie weider no hirem Hausdéier ze sichen.
Moies, wéi den Himmel just ufänkt hellgro ze ginn, hält näischt méi d’Kanner am Bett. Heemlech schläichen si sech aus dem Hotel a ginn op eege Fauscht op d’Sich nom Blacky. Bei engem Hiwwel fannen d'Kanner am Buedem e grousst Lach: et ass d’Entrée zu engem Gank, deen déif an de Bierg eraféiert, eng sougenannt Galerie vun enger Minière, wou fréier d’Eisenäerz aus dem Buedem geholl ginn ass.
Sollen d’Kanner elo wierklech an de Bierg eragoen, ouni iergend engem e Wuert dovun ze soen? A wat geschitt, wann si sech an deene sëlleche Gäng verléieren an den Ausgank net méi fannen? Oder geet et an éischter Linn trotzdeem drëm, fir ënner allen Ëmstänn de Blacky erëmzefannen?

Dës Kéier huet d’Viviane Daman dat Geschichtlecht mat dem Spannenden op eng originell Manéier  verbonnen. Niewent engem flotte Kannerkrimi bitt si de Kanner och d’Geleeënheet, eng Rei Informatiounen iwwer eng al Lëtzebuerger Uertschaft ze kréien, déi wahrscheinlech och eng Rei erwuesse Leit net méi woussten. A bis zum Schluss bleift et spannend, ob d’Kanner AN de Blacky dëst Abenteuer gutt iwwerstinn.

[Fenster Schliessen]