DE POLI AN D’MAISY
vum Christiane Kremer an Aline Forçain
Editions Kremart ISBN 978-9-99593-908-3
„Dee klenge Poli sëtzt uewen op engem héije Bam am Bësch a séngt e Lidd. Zënter e puer Deeg kann hie scho fléien, dofir huet en sech och extra héich op de Bam getraut.“
Esou fänkt d’Geschicht vum klenge Villche Poli un. Hien ass elo scho grouss genuch, fir méi laang dobaussen ze bleiwen an hie genéisst dat och bis op déi lescht Minutt.
Enges Owes, wéi et schonn zimlech däischter am Bësch ass, wëllt hien zréck bei d’Mamma an d’Nascht fléien. Hie weess nach net, datt dat och d’Zäit ass, wou aner Déieren eréischt richteg wakereg a monter ginn. Well vun Nuetsdéieren huet hie bis elo nach ni eppes héieren.
„Op eemol, flupp, rennt hie mat eppes zesummen.“ E gesäit just e Schiet an en kritt e bëssi Angscht. „Pardon, ech wollt net an dech rennen“, seet eng kleng piipseg Stëmm. „Ech hat dech net gesinn, ech gesinn nämlech net gutt, wann ech séier fléien!“
„Wat ass dat do da fir e komesche Vull?“, denkt sech de Poli. Deen huet keng Plommen a kee Schniewel an ass och net esou schéi faarweg wéi ech. En ass nämlech ganz gro an huet grouss Oueren an extra Flilleken. Wéi et sech erausstellt, ass de Villche Poli grad an eng kleng Flantermaus geknuppt, déi Maisy heescht an och eréischt just fléie léiert.
Déi zwee versti sech prächteg an de Poli léiert Villes iwwert d’Flantermais: si schlofen am Dag a si sinn nuets ënnerwee. Fir ze schlofen, hänken si mam Kapp no ënnen an hirer Hiel, an hire Gesank ass esou hell, datt keen aneren ausser hinne selwer en héiere kann. An dofir fanne Flantermais och ëmmer hire Wee, esouguer, wann et ganz däischter ass. Awer well de Poli am Dag waakreg ass an d’Maisy an der Nuecht, kënnen si net vill matenee spillen. Just de Moment, wou et ufänkt däischter ze ginn, kënnen si sech treffen, matenee spillen a schwätzen.
Enges Owes awer blëtzt an donnert et am Himmel: en uergt Donnerwierder zitt op, an de Poli ass nach net doheem an sengem Nascht. Hie sëtzt op engem Aascht a gesäit bal näischt méi. De Reen mécht seng Fiedere ganz naass, an de Wand hënnert e bal um Fortfléien. De Poli wëllt nëmmen nach heem. Mee elo gesäit hien näischt méi, well et mëttlerweil esou däischter ginn ass. Dee klenge Villche kritt et richteg mat der Angscht ze doen.
A wéi soll hien elo de Wee heem fannen? Kann d’Maisy him vläicht do hëllefen? D’Maisy, dat am Däischteren doheem ass an sech esou duerch säi Gesank orientéiere kann?
Dës léif Geschicht vum Christiane Kremer erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft zwëschen zwee Déieren, déi zwar net wäit vuneneen ewech wunnen, mä déi sech vläicht ni begéint wären, wann se deen een Owend net anenee gerannt wären. An dëst klengt Mëssgeschéck ass den Unfank vun enger grad esou aussergewéinlecher, wéi och wonnerbarer Frëndschaft. Eng Frëndschaft, déi trotz allen Ënnerscheeder weist, datt d’Anescht sinn net wierklech muss en Nodeel sinn. Anescht si kann och heeschen: ee vun deem anere léieren an een deem aneren hëllefen, jidderee mat senge Fäegkeeten.
Déi detailléiert Aquarellbiller vum Aline Forçain sinn an zaarte Faarwe gehalen an illustréieren eng ganz Rei gemeinsam Momenter vum Poli a vum Maisy.
Dëst Buch wäert d’Kanner vun 3 Joer u begeeschteren.
[Fenster Schliessen] |